Iwwert mech

Fir dass dir mech all bessi besser kenneléiert, duecht ech stellen ech mech kurz vir

Mäin Numm ass Jessie, ech hunn 29 Joer an erfelle mir mäin Dram vun enger Muppecrèche. Vu klengem un hate mir an der Famill emmer Muppen an am Fréijoer 2022 hu mäi Frënd an ech eisen éichten eegene Mupp, d 'Tess, adoptéiert. Mat him huet alles ugefaang - Durch hatt an de Kontakt zum Laura Scheuer, sinn ech am Summer 2023 en Deel vum Team „Das schwarze Schaf" ginn. Sou ass et och komm, dass ech am Februar 2024 déi éicht Kéier a Rumänien an den Asyl gaange sinn an dat huet wuertwietlech alles verännert...

Et huet „klick" gemaach an ech wousst dass ech mäin Alldag wëll mat Hënn verbréngen an hunn alles dru gesat et ëmzesetzen!

Als éicht hunn ech mech beim „Erfolgsprojekt Tierschule - Julia Hammerschmidt" gemellt fir d'Hondstrainerausbildung ze maachen. Mir ass net just wichteg einfach mäin Alldag mat Hënn ze verbrengen mä si och su gutt wéi nëmme méiglech ze verstoen an deementspriechend op enger Ebene ze kommunizeieren. Ausserdeem ass mir wichteg ALL Mupp kënnen ze empfenken, woufir ech den „Hondsführerschäin" gemaach hunn, fir och sougenannten „Lëschtenhënn" ophuelen ze kënnen.

 

Fir dass är Muppen Owes propper a gutt rischend Doheem um Canapé kënne leien, hunn ech ee Schnupperdag beim Noémi Hinna vu „Mupptastic" gemaach. Do hunn ech net nemme geléiert mat wéienge Produiten een Hënn am beschte wäscht a kämmt mä och verschidde Methoden fir Muppen déi vläicht bëssi fäerten an/oder net su frou mat Waasser sinn.

Verschidde Werter si mir besonneg wichteg. Bei mir steet Transparenz am Mëttelpunkt. Ech informéieren d'Famillen zu all Moment éierlech an kloer iwwer den Alldag, den Zoustand vum Mupp a meng Betreiung. Vu Raschten bis Spillen - Dir wesst emmer, wat grad geschitt. Respekt ass fir mech genau sou wichteg. Ob dat an der Bezéiung tëscht Mënsch zum Hond, Mënsch zu Mënsch oder Hond zu Hond ass. All Hond ass eenzegaarteg a gëtt mat Leift, Gedold an Respekt behandelt. Ech respektéieren d'Bedierfnesser an de Charakter vun all Mupp a ferderen en harmonescht Zesummeliewen.

Ech hoffen ech konnt e klengen Abléck a meng Perséinlechkeet erméiglechen a freeë mech wéi verréckt op all är Muppen!

Är Muppefrëndin🐾

Kontaktéiert mech

Wëllt dir méi wëssen? Da mellt iech

Erstelle deine eigene Website mit Webador